Biwels

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Biwels
Bivels Gesamtansicht.jpg
Vue op Biwels
An anere Sproochen fr: Bivels
de: Bivels
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Coat of arms putscheid luxbrg.png Pëtscht
Buergermeeschter Roger Zanter
Awunner 101 [1] (2.03.2010)
Koordinaten 49° 57’ 33’’ N
06° 11’ 30’’ O


Biwels ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtscht.

Geographie

Kaart vu Biwels.

Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our. Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt. Wéi d'Dallspär Ufank vun den 1960er Jore gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d'Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, mat gréngen Hiwwele ronderëm.

Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen an Touristen, wéi och kleng Seminairen a Familljefeieren empfänke kann.

Geschicht

Al Dokumenter schwätze vu Biweiltz (1332), Bevelis (1529), Byvels (1552) a Bievelisz (1635). Bis 1867 huet een nach säi Liewe riskéiert, wann ee vu Veianen oder Stolzebuerg aus op Biwels wollt goen. Bis dohi gouf et just en einfache Wee, deen dacks d'Our passéiert huet.

Bis zur franséischer Revolutioun huet Biwels deels dem Grof vu Falkesteen, deels dem Grof vu Veianen gehéiert. Wéi 1816 nom Wiener Kongress déi Uertschafte lénks vun der Our däitsch goufen, gouf Biwels an d'Gemeng Stolzebuerg opgeholl. Wéi d'Gemeng Pëtscht 1826 geschaaft gouf, gouf aus Biwels eng vu senge 7 Sektiounen. Biwels hat deemools nach 175 Awunner, dat sinn der Honnert méi wéi haut.

Biwels hat eng Millen, déi zanter dem Bau vum Barrage verschwonnen ass. Déi Mille war schonn den 12. Mäerz 1876 eng Kéier komplett duerch en Orkan zerstéiert ginn. Déi ganz Uertschaft hat och färrem ënner deem Orkan dee véier Stonne gedauert hat, gelidden.[2] Haut ass d'Biwelser Millen e Camping, knappss 1 km a Richtung Veianen.

Bis 1962 krut Biwels säin Drénkwaasser aus Däitschland. De Siphon vun der Waasserleitung ënner der Our erduerch war um Floss-km 14,785, net wäit vun der aler Bréck, do wou d'Albicherbaach an d'Our leeft.

Kuckeswäertes

Spréch

  • "Biwels, Biwels, hanner Juck, Falkesteen läit uewen drop" – Sproch mat deem d'Stolzber Awunner fréier déi Biwelser provozéiert hunn.

Bibliographie

  • Jacoby, Lex, 1999. Bivels-unter-der-Our. In: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, S.378-389. Ed. Guy Binsfeld, Luxembourg.
  • Kugener, Léon, 1987. Bivels, Verträumtes Dorf vor einem Lokalerreignis. Luxemburger Wort 19.06.1987: 16.
  • Meier, Paul-Maria, 1993. Bivels. 228 S. Ed. Borschette, Christnach.
  • Milmeister, Jean, 1966. Schloss Bivels, verschwunden oder erfunden? Revue Jg. 22, Nr. 21: 14-18 & Nr. 24:79. Luxembourg.
  • Milmeister, Jean, 1974. Verlassen, versunken, verschwunden: untergegangene Dörfer in Luxemburg. Revue Jg. 29, Nr. 6: 26-30. Luxembourg.
  • Ries, Adrien, 1978. Bivelser Tagebuch. 127 S., Sankt-Paulus Druckerei, Luxemburg.
  • Ries, Adrien, 1988. Die Sprengung der Bivelser Ourbrücke am 25. September 1939. Veiner Geschichtsfrënn Nr. 6 Mäerz 1988.
  • Weber, Heinrich Theodor, 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0.

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Biwels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Awunnerzuele vun den Uertschaften an der Gemeng Pëtscht
  2. Luxemburger Wort Nr. 63 vum 15. Mäerz 1876.
  3. Den Tableau war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. Vir an der Mëtt ass d'Biwelser Millen, am Hannergrond Biwels an uewe riets d'Buerg Falkesteen. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.