Georges Kayser (Paschtouer)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Georges Kayser, gebuer de 25. Januar 1916 zu Péiteng a gestuerwen de 4. September 1988 zu Nouspelt, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Altertumsfuerscher.

Hie war de Jong vum Nicolas Kayser a Marie-Louise Printz. Vun 1923 bis 1927 huet en zu Péiteng d'Primärschoul an duerno de Kolléisch ofgeschloss. Vun 1937 un huet en am Seminaire um Lampertsbierg weider studéiert. Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich gouf dee vun der Gestapo op Tréier verluecht. Duerch eng iertemlech Musterung vun der Wehrmacht ass en den 9. Mee 1943 fréizäiteg zum Priister geweit ginn.

Seng éischt Plaz hat en als Kaploun zu Nidderkuer, wou en 13 Joer bliwwen ass. 1956 gouf en zum Paschtouer vun Nouspelt mat de Filiale Rued an Dondel ernannt, wou e bis zu sengem Doud am Joer 1988 bliwwen ass.

A senger Zäit als Geeschtlechen zu Nouspelt ass en niewebäi sengem Hobby, der Archeologie, nogaangen. Schonn als Primärschüler ass e mat sengem Schoulmeeschter op den Tëtelbierg no Spure vun de Kelten a Réimer siche gaangen an och spéider op senger Plaz als Kaploun zu Nidderkuer huet et en dacks dohi gezunn. Dofir huet en och op senger Plaz als Paschtouer an der Ëmgéigend vun Nouspelt Ausgruewunge gemaach.

1964 huet hie bei Giewel an der Gemeng Käerch eng réimesch Villa entdeckt, déi e gehollef huet ausgruewen. Aner interessant Entdeckunge vun him sinn d'merowengesch Grafhiwwelen am Telpeschholz bei Dondel, déi keltesch Adelsgriewer tëscht Giewel an Nouspelt, d'Nekropol um Kréckelbierg tëscht Nouspelt a Rued an déi gallo-réimesch Griewerfelder an der Tonn bei Nouspelt an am Juckelsbësch tëscht Mamer a Koplescht.

Hien huet seng archeologesch Aarbecht zesumme mat enger Handvoll Fräiwëllege gemaach an d'Resultater dem Nationalmusée zoukomme gelooss. Duerch seng Aarbecht huet e staark zu enger Professionaliséierung vun der Archeologie zu Lëtzebuerg bäigedroen.

Hien huet och eng Ernennung zum Dechen ofgeleent fir kënnen zu Nouspelt ze bleiwen. Ee Joer no sengem Doud ass vun deene Leit, déi mat him zesummen d'Ausgruewunge gemaach hunn, de Veräin D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher gegrënnt gi fir kënne seng archeologesch Aarbecht virunzeféieren.

Nom Georges Kayser genannt

Literatur

  • Kayser, Georges, 1988. Der Altertumsforscher von Nospelt: aus dem Nachlass von Pfarrer Georges Kayser. Die Warte Année 41, n° 27 = n° 1502 - n° 34 = n° 1509. Luxembourg.
  • Luxemburger Wort vum 19. Oktober 2013, S. 109: Erinnerung an Pfarrer Georges Kayser - Vor 25 Jahren starb der Pionier der modernen Luxemburger Archäologie