Haaptsäit/Op engem/Oktober

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

All Dag gëtt op der Haaptsäit eng kleng Lëscht vun deene wichtegsten Evenementer gewisen, déi op deem Dag geschitt sinn. Op dëser Säit sinn d'Schabloune vum Mout Oktober.

September < < < Oktober > > > November

Stater Kolléisch
Nicolas Wies
Niels Bohr
Accueil vum Napoleon I. virun der Festung Lëtzebuerg den 9. Oktober 1804. Postkaart vum Louis Kuschmann.
Giuseppe Verdi
Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck tëscht Iechternach an Iechternacherbréck
Schluecht vun Hastings
Oscar Wilde

1813: D'Vëlkerschluecht bei Leipzig fänkt un.
1854: Gebuert vum iresche Schrëftsteller Oscar Wilde.
1893: De lëtzebuergesche Schrëftsteller Alexander Weicker gëtt gebuer.
1927: Den däitsche Schrëftsteller Günter Grass kënnt op d'Welt.
1934: D'chinesesch Kommunisten ënner dem Mao Tse-Tung fänken hire Laange Marsch un.
1941: Vun der Stater Gare ginn déi éischt 323 Judden an de Getto op Litzmannstadt (Łódź) deportéiert. Nëmmen 12 vun hinnen iwwerliewen den Zweete Weltkrich.
1946: Zéng zum Doud veruerteelt Ugeklot aus dem Nürnberger Prozess ginn opgehaangen.
1973: D'OPEC decidéiert, de Pëtrolspräis ëm 70% ze héijen; Ufank vun der éischter Pëtrolskris.

Melina Mercouri

1685: De Louis XIV. revokéiert den Edikt vun Nantes.
1777: Gebuert vum däitsche Schrëftsteller Heinrich von Kleist.
1883: Doud vum lëtzebuergesche Politiker, Jurist an Auteur Charles-Théodore André.
1896: Zu Iechternach gi fir d'éischt zu Lëtzebuerg Filmer gewisen, ë. a. L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière.
1920: Déi griichesch Schauspillerin, Sängerin a Politikerin Melina Mercouri gëtt gebuer.
1926: Den US-amerikanesche Museker Chuck Berry an den däitsche Schauspiller Klaus Kinski kommen op d'Welt.
1927: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur George C. Scott.
1931: Den US-amerikaneschen Erfinder Thomas Alva Edison stierft.

1759: Gebuert vum franséische Revolutionär Georges Jacques Danton.
1795: A Frankräich trëtt de Regime vum Directoire a Kraaft.
1863: Op enger internationaler Konferenz zu Genf gëtt d'Rout Kräiz als Institutioun gegrënnt.
1916: De franséische Politiker a Staatspresident François Mitterrand gëtt gebuer.
1919: Éischt Chamberwalen nom allgemenge Walrecht zu Lëtzebuerg. D'Rietspartei etabléiert sech als stäerkst politesch Kraaft.
1947: Déi US-amerikanesch Politikerin Hillary Clinton kënnt op d'Welt.
1994: Jordanien an Israel ënnerschreiwe e Friddensvertrag.
Nationalfeierdag an Éisträich.

James Cook

1728: De briteschen Entdecker a Séifuerer James Cook kënnt op d'Welt.
1858: Den US-amerikanesche Staatspresident an Nobelpräisdréier Theodore Roosevelt gëtt gebuer.
1914: Gebuert vum britesche Schrëftsteller Dylan Thomas.
1918: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Teresa Wright kënnt op d'Welt.
1923: Den US-amerikanesche Moler a Graphiker Roy Lichtenstein gëtt gebuer.
1942: Déi lëtzebuergesche Schrëftstellerin José Ensch gëtt gebuer.
1956: Am Traité vu Lëtzebuerg gëtt festgehalen, datt d'Saarland den 1.1.1957 Däitschland bäitriede géif.
1961: Beim Grenzpassage Checkpoint Charlie, an der Berliner Mauer, sti sech US-amerikanesch a sowjetsch Tankse géintiwwer, prett fir ze schéissen.

Alfrd Sisley
Xylographie vum Hokusai